De Gudden Toun um Radio 100,7

Eng Kéier de Mount, sonndes um 11:00

An enger klenger Ronn vun ausgewielte Gäscht (ë.a. Josiane Kartheiser, Claire Thill, Raoul Biltgen, Nora Wagener …), a bannent enger Stonn, gräift De Gudden Toun méi oder manner aktuell Theemen op, pléckt se aus ganz verschiddene Perspektiven auserneen, a wëll op dësem Wee och déi ëffentlech Sträitkultur op eng satiresch Manéier ufachen. E gewëssenen Humor dierf dobäi wierklech net feelen. Ironie a Sarkasmus hëllefen nämlech dacks kleng Mëssel an och grouss Mëssstänn aus enger anerer Perspektiv ze gesinn, a vermëttelen deemno och gären e Fonken Hoffnung op besser Zäiten. Natierlech, ouni dobäi den Eescht vun der Situatioun aus den Aen ze verléieren.

Wien an déi éischt Emissioune ralauschtere wëll: Dee Link hei drécken